De Comeback vun de Blockbuster nom Ufank vun der Pandemie huet geklappt.

Den éischte grousse Blockbuster zanter dem Ufank vun der Coronavirus-Pandemie war Tenet vum Christopher Nolan.

De Film huet sech zu genee deem Hit entwéckelt, deen d’Kinoen sech esoulaang erhofft hunn well dee Public ass begeeschtert. Eleng an den USA huet de Film um éischte Weekend 20 Milliounen Dollar agespillt. Och bei Kinepolis huet een sech zefridde gewisen. Tenet huet an der éischter Woch iwwer 5000 Leit hei zu Lëtzebuerg an de Kino gezunn.

De Christopher Eyssartier vu Kinepolis huet an engem Communiqué geschriwwen:
« Les Luxembourgeois retrouvent le chemin du cinéma et à Kinepolis, nous en sommes extrêmement heureux. Nos collaborateurs veillent à ce que les clients puissent profiter de leur séance en toute sécurité et dans les meilleures conditions. Nous espérons également que les résultats d’un blockbuster comme Tenet encourageront les studios à lancer de nouvelles productions. »