Nintendo wëll an de nächste Joren eng Rëtsch Figuren an de Fernsee an och an de Kino bréngen.

De Super Mario kennt Jiddereen. Et ass déi bekanntsten an erfollegräichste Videospill-Figur vun der Welt. Bis haut sinn iwwer 300 Millioune verschidde Spiller verkaaft ginn. Nintendo huet elo bekannt ginn, dass 2022 e neie Super-Mario-Animatiounsfilm an de Kino soll kommen.

Detailer ginn et nach keng, just dass hannert dem Film déi nämmlecht Produzente stinn wéi och scho bei de Minions. Wieder Nintendo-Filmer wiere wéi et schéngt och scho geplangt.