Vill Fans hunn net méi dru gegleeft, ma an de nächste Jore kënnt eng weider Fortsetzung vum Science-Fiction-Klassiker Matrix an de Kino.

Am Abrëll 2022 kënnt Matrix 4 an de Kino.

Och wann de leschte Matrix da schonn 19 Joer um Bockel huet, sinn op e Neits de Keanu Reeves an d’Carrie-Anne Moss mat dobäi. Regie féiert och erëm d’Lana Wachowski.

Rezent hunn d'Schauspiller nei Detailer zu der Fortsetzung verroden. Sou soll Matrix 4 net an der Vergaangenheet spillen. D’Geschicht gëtt also weidergefouert. Och soll virun allem d’Libesgeschicht tëscht dem Neo an dem Trinity behandelt ginn. Och soll ee sech als Fan op déi eng oder aner Stil-Ännerung prett maachen. Wat dat genee bedeit, ass net gewosst. Vill Fans hoffen allerdéngs, dass déi ikonesch Kamp an Action-Seenen erhale bleiwen.