Sechs verschidde Schauspiller hunn bis haut de brittesche Spioun James Bond gespillt. Geschwënn soll e Nofollger presentéiert ginn.

Den 11. November 2020 kënnt James Bond 25 No Time to Die an de Kino. Et ass de leschte Film mam Daniel Craig an der Haaptroll.

Gerüchter iwwer en zukünftegen Nofollger goufen et an der Lescht relativ vill. Sou war ënnert anerem de Schauspiller Idris Elba am Gespréich. Vill Leit haten esouguer gemengt, eng Fra kéint zukünfteg d'Haaptroll iwwerhuelen.

E neit Gerücht handelt elo den Tom Hardy als neie 007. Den 43 Joer ale Schauspiller huet schonn a Filmer wéi Venom, Mad Max oder The Dark Knight matgespillt. Confirméiert ass bis elo nach Näischt.