Dës Woch goufen et erëm schlecht Nouvellen fir Kino-Fans.

Weltwäit ginn d’Corona-Zuelen erëm an d’Luucht. An och wa vill Serien a Filmer hir Produktioun erëm opgeholl hunn, ginn et schlecht Nouvellë fir Filmer, déi scho fäerdeg sinn. Vill Blockbuster goufen nämlech alt erëm verréckelt.

Black Widow mam Scarlett Johannson kënnt eréischt am Mee nächst Joer. The Eternals vu Marvel eréischt nächst Joer am November an och dem Stevel Spielberg seng Neiadaptatioun vum Broadway-Klassiker West Side Story gouf op Dezember 2021 verréckelt.

Hei fannt dir déi komplett Lëscht :

  • 20. November 2020 – Soul
  • 11. Dezember 2020 – Free Man
  • 17. Dezember 2020 – Death on the Nile
  • Dezember 2020 – The Empty Man
  • 06. Mai 2021 – Black Widow
  • 09. Juli 2021 – Shang Chi
  • 12. August 2021 – Deep Water
  • 05. November 2021 – The Eternals
  • 10. Dezember 2021 – West Side Story