Rumeuren no gëtt aktuell un enger Fortsetzung vu Warcraft geschafft.

Zanter 15 Joer ass World of Warcraft ee vun den erfollegräichste Computerspiller iwwerhaapt. 13 Millioune Leit hunn zäitweis zesummen an der Welt Azeroth gespillt. Kee Wonner, dass 2016 d’Warcraft-Verfilmung vum Regisseur Duncan Jones bis haut déi erfollegräichste Videospill-Verfilmung vun allen Zäiten ass.

Obwuel Warcraft weltwäit ronn 500 Milliounen Dollar agespillt huet, war de Film an den USA e komplette Flopp. Grond genuch also déi geplangten Trilogie op Äis ze leeën. Ma wéi et schéngt, schafft Legendary Pictures elo un enger Fortsetzung. Confirméiert ass bis elo awer nach Näischt.