An de nächste Joren kënnt de mëttlerweil fënnefte Realfilm ronderëm de Peter Pan eraus.

An de nächste Jore bréngt Disney eng Neioplag vu Peter Pan an de Kino. Responabel ass de Regisseur David Lowery. Dës Adaptatioun soll sech virun allem um Original aus dem Joer 1953 orientéieren.

Rezent goufen et Neiegkeeten zum Cast. De Captain Hook gëtt zum Beispill gespillt vum Jude Law. De Schauspiller kenne mir virun allem aus Filmer wéi Sherlock Holmes, The Two Popes oder och Phantastic Beasts.

Hei fannt dir de weidere Cast :

  • Alexander Molony (Peter Pan)
  • Ever Anderson (Wendy)
  • Yara Shahidi (Tinker Bell)

Wéini de Film erauskënnt ass nach net gewosst.