Fans vun den James-Bond-Filmer brauche Gedold. Wéi d'Produzente matdeelen, wäert sech de Kinosstart op en Neits em puer Méint verréckelen.

Den Debut vum 25. James-Bond-Film mat dem Titel "No Time To Die" gëtt verréckelt. D'Produzente vum Film Michael G. Wilson a Barbara Broccoli hu matgedeelt datt de Film net am November 2020 mee réischt vun dem 2. Abrëll 2021 un am Kino leeft.

D'Produktiounsentreprisë MGM, Eon Productions an Universal hunn déi aktuell Restriktioune wéinst der Corona-Pandemie als Grond genannt. Ufanks sollt de Film fir Abrëll 2020 an d'Kinoe kommen.

T'Decisioun ass grousse Schock fir vill Kino-Bedreiwer uechtert d’Welt. Den James Bond Film war fir vill Besëtzer déi eenzeg Hoffnung, d’Verloschter vum Joer 2020 iergendwéi opzefänken. Experte fäerten also, dass vill Kinoen hir Dieren elo Enn dës Joers komplett mussen zoumaachen.

Bedéngt duerch de neien Datum goufen och elo Black WidowFast & Furious 9 op e Neits no hanne verréckelt. Béid Filmer waren och fir Abrëll 2021 ugesat.