© VINCE BUCCI / AFP
Geschwënn op Amazon Prime - Borat: Gift of Pornographic Monkey to Vice Premiere Mikhael Pence to Make Benefit Recently Diminished Nation of Kazakhstan.
Am Joer 2006 huet sech dem antisemitteschen, autoritären a fraefeindleche Journalist Borat aus Kasachstan op de Wee an d’USA gemaach, fir méi iwwer déi amerikanesch Kultur ze léieren. De Film war zäitgläich Komedie, awer och Satire. Verkierpert gouf d’Figur vum Sacha Baron Cohen. Wärend déi eng um Buedem louchen ze laachen, hunn anerer just de Kapp gerëselt. Fakt ass awer, iwwer de Film gouf deemools vill geschwat a genee dat war de But.
Rezent huet de Schauspiller elo ugekënnegt, dass den 23. Oktober d’Fortsetzung soll erauskommen. Dës wier heemlech an ouni Ukënnegung gedréint ginn. Ëmmerhin agéiert de Borat och am zweeten Deel nees mat richtege Mënschen an den USA.
De Film soll bewosst kuerz virun den US-Walen erauskommen. Thematiséiert gëtt also de President Donald Trump an déi aktuell Situatioun ronderëm de Coronavirus. Dat natierlech mat vill Ironie, Kritik a Satire.
Den 23. Oktober soll Borat 2 op Amazon Prime erauskommen.