Wat de Coronavirus ugeet, muss een sech och zu Hollywood upassen. Alternativ muss ee kreativ ginn.

D'Filmbrance gouf an de leschte Méint schwéier vum Coronavirus getraff. Vill Filmer ginn och haut nach verréckelt a sämtlech Produktiounen hu misse gestoppt ginn.

Och wa Filmer a Serien aktuell erëm dierfe produzéiert ginn, ginn et bedéngt duerch de Coronavirus verschidden Aschränkungen sou zum Beispill bei Kampf oder Libes-Seenen. Verschidde Produktioune setzen op CGI-Effekter oder verréckelen déi intim Seenen op e spéideren Zäitpunkt.

Et goufen sech awer och méi skurril Alternativen ausgeduecht. Sou kussen Schauspiller net méi richteg Mënschen, ma realistesch Poppen, déi beim Dréi dunn just vun hannen gefilmt solle ginn. Verschidde Studioen lossen och extra de private Partner vum Schauspiller afléien fir de Kuss ze dréinen. Skurill gëtt et dann bei enger Method bei där d'Schauspiller en agressiv Mondwaasser mussen drénken, dat sämtlech Bakterien fir 30 Sekonnen soll ofstierwen.

The Show must go on...