Nodeems den Original aus dem Joer 2016 bei de Kriticker net esou gutt ukomm ass, kënnt elo eng nei Versioun an de Kino.

De 4. August 2021 bréngt de Guardians of the Galaxy Regisseur James Gun eng Neioplo vun The Suicide Squad eraus. Laang war net kloer, gëtt et elo e Reboot oder eng Fortsetzung? Et schéngt wuel Béides zouzetreffen, ëmmerhi sinn net just nei, ma och Schauspiller aus dem fréiere Cast mat dobäi.

Sou zum Beispill d’Margot Robbie, den Idris Elba, den John Cena, d’Viola David an de Sean Gunn.