No Fluch der Karibik an Jungle Cruise wëll Disney lo eng weider Achterbunn an de Kino bréngen.

Pirates of the Carribean mam Johnny Depp kennt wuel Jiddereen. Wat vill Leit awer net wëssen, de Film-Franchise baséiert op enger Achterbunn am Disneyland.

Nogezunn mat dësem Konzept huet Disney elo mat enger Verfilmung vum Spill Jungle Cruise mam Dwayne Johnson an der Haaptroll. Dëse soll nächst Joer am Summer an de Kino kommen.

Elo soll an de nächste Joren dann eng weider Disney-Achterbunn verfilmt ginn an zwar Space Mountain. Hei gouf 1975 zu Florida déi éischten Achterbunn a Betrib geholl. Anescht wéi bei Pirates of the Carribean huet Space Mountain allerdéngs keng etabléiert Charakteren an och keng Hannergrondgeschicht. Dat gëtt Disney also d’Méiglechkeet eng komplett nei Weltraum-Geschicht fir déi ganz Famill ze erfannen.

Weider Infoe ginn et bis elo nach keng.