Wéi a ville Beräicher stellt ee sech och zu Hollywood d'Fro, wéi et an Zukunft soll weidergoen.

Wéinst dem Coronavirus ginn zanter Méint Woch fir Woch ëmmer nees vill Filmer verréckelt, esou och bei Disney. Den Dan Loeb, ee vun den décksten Investeuren bei Disney mécht allerdéngs elo Drock, dass Blockbuster wéi Black Widow net weider verréckelt ginn, ma direkt op Disney + erauskomme sollen. Sou kéint ee weider a Konkurrenz mat Netflix stoen a weider Benefice maachen. Den Disney Chef Bob Iger huet allerdéngs gesot, dass t’Decisioun Kino oder Streamingdéngscht an Zukunft virun allem dem Client soll iwwerlooss ginn (wéi dës Decisioun soll ausgesinn, ass bis elo nach net gewosst).

Anescht ass t'Denkweis dann bei Warner Bros. D’Produktiounsfirma setzt weiderhin op de Kino. Sou soll de neie Wonder Woman 1984 mam Gal Gadot zum Beispill zu 100% um groussen Ecran lafen. Wéini, dat weess allerdéngs nach keen.