Netflix presentéiert mat sengem neie Blockbuster e Cast, deen sech richteg gutt liest.

Netflix huet ugekënnegt an de nächsten Joren de Film Don't Look Up eraus ze bréngen.

Et handelt sech em eng Comedy iwwer zwee Astronomen, déi duerch d'USA zéien fir Medien a Politiker virun engem geféierlechen Asteroid ze warnen.

D'Geschicht kléngt net ganz spannend, ma de Cast ass villverspriechent. Mat dobäi sinn ënnert anerem de Leonardo Di Caprio, d'Meryl Streep, d'Jennifer Lawrence an den Jonah Hill.

Regie féiert den Adam McKay, deen 2016 fir The Big Short en Oscar gewanne konnt.