No 20 Joer schaffen den Joaquin Phoenix an de Ridley Scott nees zesummen un engem Film.

An de nächste Joren soll Kitbag an de Kino kommen. En historesche Blockbuster, deen d’Geschicht vum Napolen Bonaparte soll erzielen. Behandelt gëtt net just den Ursprong an den Opstieg vum Bonaparte, ma och seng privat Bezéiungen.

Responsabel fir de Film ass den Oscar-priméierte Regisseur Ridley Scott. D’Haaptroll soll da vum Joaquin Phoenix iwwerholl ginn. Dësen hat jo lescht Joer mat Joker en iwwerraschende Welthit geliwwert. Béid Männer hunn iwwregens schonn eng Kéier zesummegeschafft an zwar virun 20 Joer beim Film Gladiator deen deemools ëmmerhi fënnef Oscare gewanne konnt.

Virdrunner kënne mir eis awer nach op The Last Duel, Gucci, Gladiator 2 an e weideren Alien-Film vum Ridley Scott freeën.