Enger Etud no huet de Film "Mad Max - Fury Road" déi bescht Auto-Verfolgungsjuegd. Déi zweet an drëtt Plaz ginn u "Fast & Furious" 6 a 7.

Eng Etüd vu Money.co.uk huet ënnersicht, wéiee Film déi beschten Auto-Verfolgungsjuegd huet. Gewënner ass deemno "Mad Max: Fury Road" vun 2015.

Op der zweeter Plaz ass "Fast & Furious 6", op der drëtter Plaz "Fast an Furious 7".

An den Top 10 hunn et iwwerdeems folgend Filmer gepackt: "Ronin", "Baby Driver", "The Fast & Furious", "James Bond 007: Ein Quantum Trost", "Die Bourne-Verschwörung", "Brennpunkt Brooklyn" a "Batman: Dark Knight".

Fir d'Etüd gouf de Bols vun 100 fräiwëllegen Zuschauer gemooss a verglach. Verschidde Verfolgungsjuegden hunn de Bols zum Deel op 85 klamme gelooss - 33% méi héich wéi de Bols am Rouzoustand.