© AFP/Jason Merritt
Nodeems de Rocky eigentlech seng Karriär als Boxer un den Nol gehaangen an den Adonis Creed trainéiert huet, kéint hien eventuell nees zeréck kommen.
De Sylvester Stallone huet sech bei den Dréiaarbechten fir ''Creed II'' vu senger legendärer Roll ls Rocky geléist a seng Boxhännchen un déi nächst Generatioun weider ginn. D'Fortsetzung ''Creed III'' stécht aktuell matzen an den Dréiaarbechten. Gemunkelt gëtt deemno, dass et net onwarscheinlech ass, dass de Stallone net awer nach als Boxer an deem Film wäert optauchen. Deelweis ass nämlech schonn iwwert ee Rocky-Comeback am ''Creed III'' bericht ginn.
Sécher ass awer, dass den Haaptduersteller Michael B. Jordan op en neits als Adonis Creed am Film wäert ze gesi sinn.