© Screenshot Amazon Prime Video
33 Joer nom éischten Deel ass den Eddie Murphy zréck als Prënz Akeem vun Zamunda.
Kult-Filmer ginn et der vill an dacks, aus wéi engem Grond och ëmmer, gëtt decidéiert, zum Deel Joerzéngten dono, eng Fortsetzung ze maachen. Déi kënnen duerchaus gutt sinn. Meeschtens sinn se et awer net. Sou leider och de Fall bei der Fortsetzung vun Der Prinz aus Zamunda aus dem Joer 1988 mam Eddie Murphy. Fir vill Leit ee vun de kulteschsten a witzegste Filmer aus den 80er Joren.
Am zweeten Deel, dee leschte Freiden op Amazon Prime Video erauskomm sinn, gëtt de Prënz Akeem gewuer, dass hien e Bouf zu New York huet vun deem hie bis elo näicht wosst. Dësen gëtt also kuerzerhand op Zamunda bruecht well hie soll de neie Kinnek ginn.
Eng Story, déi un sech also schonn éischter mëttelméisseg ass. Virun allem hunn d’Produzente awer wéi et schéngt nach ni eppes vu Gläichberechtegung héieren. Ëmmerhin hunn déi dräi Duechtere vum Prënz Akeem och en Ae op den Troun geheit. Mee nee, et muss am Joer 2021, der Traditioun no, onbedéngt e Mann sinn.
Wier de Film wéinstens esou witzeg a charmant wéi den éischten Deel, kéint ee vläicht nach doriwwer ewech gesinn, ma och dat ass net de Fall. Amplaz vläicht mol eppes Neies ze probéieren, gëtt den Original quasi kopéiert. Leider klappt dat awer net esou ganz. Do hëlleft och keen Eddie Murphy, deen an dëser Roll iergendwéi net méi sou richteg iwwerzeege kann.
Der Prinz aus Zamunda 2 huet seng Chance einfach verpasst. Et ass zwar keng Vollkatastroph ma spuert Iech léiwer déi bal zwou Stonnen. Am schlëmmste Fall mécht Iech d’Fortsetzung och nach den éischten Deel futti.