© JEAN-BAPTISTE LACROIX / AFP
Fans vum der Kult-Franchise kënnen sech an de nächste Joren op vill neie Contenu freeën.
Bedéngt duerch Corona goufe verschidde Filmer erëm verréckelt. Betraff ass ënnert anerem och Fast&Furious 9. De Film mam Vin Diesel, Michelle Rodriguez a Co soll elo de 25. Juni erauskommen.
Dono sollen nach zwee weider Filmer erauskommen, déi d’Geschicht vum Dominic Toretto op en Enn bréngen. Dono ass mat der Fast&Furious Franchise awer nach net Schluss. D’Produzenten hunn nach vill verschidde Spin-Offs geplangt déi alleguer vum selwechten Auteur solle geschriwwe ginn. Ënnert anerem gëtt aktuell un engem zweeten Deel vun Hobbs&Shaw geschafft. De Blockbuster mam Dwayne Johnson an Jason Statham hat 2019 jo ganzer 760 Milliounen Dollar agespillt.
Weider Detailer ginn et allerdéngs nach keng.