© Kyle Thompson, Agence VU‘ & Studio Michel Welfringer
Aktuell leeft déi 11. Editioun vum Luxembourg City Film Festival. 115 Filmer ginn am Ganzen gewisen. Selektionéiert gouf och e Film, dee vill polariséiert.
Wou sinn iwwerhaapt är Jod-Pëllen? Keng Anung, hunn ech der iwwerhaapt? Sou eng Äntwert géif ee vläicht dacks kréien, wann een d’Leit zu Lëtzebuerg géif dono froen. Ma sinn se dach wéi et schéngt esou wichteg am Fall wou zu Cattenom eppes Schlëmmes géif geschéien.
Et ass en Zenario, respektiv eng Virstellung, mat deem sech vläicht schonn deen een oder anere beschäftegt huet. Wat geschitt mat Lëtzebuerg am Fall wou? Domat beschäftegt sech de Film An Zéro – Comment le Luxembourg a disparu.
Et ass eng Mëschung tëscht Film an Doku. Et geschitt nämlech eng gréisser Katastroph zu Cattenom. Et begleet een eng Famill, déi all hir Saachen zesummepéckt, sech an den Auto sëtzt a wéi quasi Jiddereen a Richtung Norde flücht. Dotëscht eng jonk Journalistin, déi vum Sophie Musel gespillt gëtt.
Ënnerbrach gëtt d’Story ëmmer nees vun enger Diskussioun tëscht Experten. Sief et d’Ministeren Turmes an Dieschbourg, Nuklear-Experten, Ekonomisten, Historiker oder och Membere vum CGDIS. Si schwätzen doriwwer, wéi een sech am Fall wou iwwerhaapt sollt verhalen a wat natierlech d’Konsequenze fir Lëtzebuerg an hir Bewunner wieren.
Et ass allerdéngs e Film, dee kritiséiert gëtt, och vun de Regisseuren. De Film wier net dat ginn, wat een sech virgestallt huet. Den Haapt-Aspekt vum Film, wéi schéin a wichteg dach d’Lëtzebuerger Kultur wier, huet wéi et schéngt, missen erausgeschnidde ginn.
Ech war éierleg gesot traureg, wéi de Film op bemol fäerdeg war. Gären hätt ech nach méi vun der Geschicht gesinn. E fiktive Film, dee mech faszinéiert huet.
Zum Schluss freet een sech: Wat ass iwwerhaapt lëtzebuergesch Kultur? Ma heiansdo ass et esou eppes Banales wéi der Boma hir hausgemaache Kniddelen...