© Kyle Thompson, Agence VU‘ & Studio Michel Welfringer
Aktuell leeft de Luxembourg City Film Festival mat 115 Filmer, déi am Ganzen gewise ginn. Eng Produktioun aus Rumänien iwwerzeegt d'Kritiker besonnesch.
Wat mécht e gudde Film aus? Dat hänkt virun allem dovun of fir wien de Film iwwerhaapt gemaach ass. Ass en fir de Grand Public, stinn éischter Saache wéi Action, Special Effects, ausgebaute Charakteren an eng handfest a gutt erzielte Story am Virdergrond. Ass de Film éischter fir Leit ausserhalb vum Mainstream, sinn et vläicht éischter déifgrënneg Messagen a paradox Seenen, déi wichteg sinn. Sou och beim Film Bad Luck Banging or Loony Porn, dee bei der Berlinale dëst Joer de Präis fir de beschte Film gewonnen huet.
Virop sief ze soen, et ass absolut kee Film fir de Grand Public. Et ass e Film fir d'Kritiker, déi all eenzel Kamerawénckel an Uspillung genee analyséieren. D'Story ass schnell erzielt, obwuel se ëmmer nees an den Hannergrond réckelt. Eng Joffer mécht mat sengem Mann e Sextape. Dësen lant iergendwéi am Internet a verbreet sech ënnert de Schüler. An d'Eltere wëllen d'Joffer dowéinst suspendéieren. An ob een sech am Joer 2021 wierklech nach fir seng Sexualitéit schumme muss, ech mengen dorop brauch ech net anzegoen.
Villméi schwieft de Film ëmmer nees of. Et ass eng eenzeg Kritik. Net just um Land Rumänien, ma un eiser ganzer Gesellschaft. Sief et nonstop Police-Sireenen an der Stad Bukarest, egoistesch Leit oder d'Tatsaach, dass Luxusgeschäfter Dier un Dier mat enger futtisser a verloossener Lagerhal stinn. An un d'Gläichberechtegung vun der Fra, denkt een an engem Land wéi Rumänien am Joer 2021 wéi et schéngt och net. Vill méi dominéiert hei nach ëmmer Friemefeindlechkeet a Faschismus. An d'Tatsaach dass d'Wuert Blowjob méi dacks gegoogelt gëtt wéi d'Wuert Empathie.
Verdéngt Bad Luck Banging or Looney Porn de Präis vum beschte Film? Absolut! D'Kritiker sinn ëmmerhin begeeschtert. Wien mat sou engem Genre Film awer Näischt unzefänke weess, sollt léiwer e grousse Bou dorëmmer maachen. Mat Entertainment huet dëse Film nämlech Näischt ze dinn.