Wéi och scho bei The Mandalorian, kréien Fans e Bléck hannert d'Kulissen vun Disney+.
Virun zwee Joer ass mat Avengers-Endgame déi leschte Phase vum Marvel-Cinematic-Universe op en Enn gaangen.
Liest hei eise Preview vun der neier Marvel-Serie
Déi nei Phase ass elo mat der Serie WandaVision op Disney+ lancéiert ginn. Déi éischt Episoden sinn weltwäit duerch de Plafong gaangen an d'Final vun der éischter Staffel huet beim Release esouguer d’Serveren vun Disney+ an den USA zesummebrieche gelooss, well esouvill Leit gläichzäiteg wollten dorobber zougräifen.
Falls dir d’Serie gefeiert huet, dann ass och elo e Making Of respektiv e Behind The Scenes erauskomm. De neie Marvel Studio's Assembled ass elo op Disney+ disponibel.