© Youtube
No zwee Joer ass Avatar erëm den erfollegräichste Film vun allen Zäiten.
10 Joer laang, vun 2009 bis 2019, war Avatar den erfollegräichste Film vun allen Zäiten.
Dono koum Avengers-Endgame. Et war dee Blockbuster, deen de Film vum James Cameron vun der éischter Plaz verdrängt huet.
Ma elo ganz rezent steet Avatar erëm un der Spëtzepositioun. De Grond ass Covid-19. Well vill Filmer verréckelt goufen, weise vill Kinoen (och hei zu Lëtzebuerg) eeler Klassiker. Sou och a China wou elo an de leschte Wochen erëm de Film Avatar gewise gouf. Sou sinn also nees e puer Milliounen Dollar dobäikomm, déi dem Film Avatar op e Neits zu der éischter Plaz verhollef hunn.
Op Twitter gouf dowéinst och fläisseg gratuléiert.