© ANGELA WEISS / AFP
De 26. Abrëll ginn (ënnert anerem zu Los Angeles) erëm d'Oscars verdeelt. Elo huet d'Academy d'Lëscht vun de Nominéierunge presentéiert.
D'Coronavirus-Pandemie huet vill Secteuren op der Welt haart getraff. Sou ouni Zweiwel och déi komplett Filmbranche. Sou hunn net just sämtlech Produktioune misse gestoppt ginn, ma bedéngt duerch déi schaarf Mesuren an den eenzele Länner (ënnert anerem hu Kinoe missen zoumaachen), goufe vill grouss Filmer op d'Joren 2021, respektiv 2022 verréckelt. Also ass et net verwonnerlech, dass vill Filmer bei den Oscaren 2021 dem breede Public éischter onbekannt sinn.
Bedéngt duerch déi ganz Situatioun hu Streamingdéngschter wéi zum Beispill Netflix geboomt. Verschidde Filmer wéi zum Beispill Mulan vun Disney goufen exklusiv just op de verschiddene Plattforme gewisen. Kee Wonner, dass Netflix zum Beispill erëm verschidde Filmer an d'Course fir de renomméierte Filmpräis schéckt.
Hei fannt dir déi komplett Lëscht vun de Nominéierungen.
Grousse Favorit mat 10 Nominéierungen ass d'Filmbiographie Mank. De Film vum Regisseur David Fincher ass ënnert anerem fir de beschte Film, déi bescht Regie an de beschte Soundtrack nominéiert. Fir de beschte Film ass ënnert anerem och Nomadland nominéiert.
Hanner Mank si 6 Filmer, déi jeeweils 6 Mol nominéiert goufen. Dat wieren The Father, Minari, Judas and the Black Messiah, Nomadland, Sound of Metal an The Trial of the Chicago 7.
Nieft der Auszeechnung fir de beschte Film sinn och d'Kategorië fir de beschte Schauspiller Joer fir Joer immens renomméiert. Bei de Mànner ginn ënnert anerem de Gary Oldman (Mank), den Anthony Hopkins an de verstuerwene Schauspiller Chadwick Boseman an d'Course.
Bei de Fraen ass et ënnert anerem d'Viola Devis, d'Cary Mulligan, d'Andra Day an d'Vanessa Kirby déi op eng Auszeechnung hoffen.
Déi 95. Editioun vun den Oscars - de wichtegste Fillmpräis op der Welt - ginn den 26. Abrëll verdeelt.
Donieft goufen och 2 Lëtzebuerger Koproduktioune fir en Oscar nominéiert. Dat huet de Lëtzebuerger Filmfong e Méindeg an engem Communiqué matgedeelt.
Den Documentaire Collective, dee vu Samsa Films koproduzéiert gouf, wäert an de Kategorië vum beschten Documentaire a vum beschten internationale Film an d'Kurs ëm den Oscar goen. De Film Wolfwalkers, dee vu Mélusine Productiouns koproduzéiert gouf, ass an der Kategorie vum beschten Animatiounsfilm nominéiert.
Liest hei de Communiqué vum Filmfong:
|