An Zäiten vun enger Pandemie d'Leit forcéieren un engem Event ze participéieren? Dowéinst steet d'Academy aktuell an der Kritik...

De 25. Abrëll ginn zu Los Angeles erëm d’Academy Awards verdeelt.

Bedéngt duerch Covid-19 goufen d’Oscars, also de wichtegste Präis an der Filmbranche, ëm e puer Méint no hanne geréckelt. Ma trotz Pandemie wëll een alles esou normal wéi méiglech ofhalen. Doheem bleiwen an sech via Zoom eramellen, wéi zum Beispill bei de Golden Globes, wäert bei den Oscaren net méiglech sinn. Och Casual ass e No Go bei der Zeremonie am Dolby Theatre. Et gëllt present ze sinn an sech och dëst Joer eraus ze fizen. Ëmmerhin hätt een en ëmfangräicht Sécherheetskonzept opgestallt.

Et dierf een also gespaant sinn, wéi vill Stare wéinst dem héije Risiko net wäerten zu Los Angeles opdauchen.