© Youtube
Bedéngt duerch Covid-19 waren déi lescht 12 Méint relativ langweileg fir Film-Fans. Kinoen goufe méintlaang zougemaach an grouss Blockbuster goufen ouni Ausnam verréckelt. Et gouf also just de Choix tëscht Streamingdéngschter a méi klenge Produktiounen.
Obwuel vill Studioen hir Release-Datumer fir d'Fréijoer erëm annuléiert hunn, bréngt Warner Bros. trotzdem den 19. Mee de Blockbuster Godzilla vs. Kong an de Kino.
Wéi schonn am ganze Franchise gréift de Godzilla och an dësem Film erëm d'Mënschheet un. Dës konnt bis ewell net erausfannen, firwat de Godzilla esou aggresiv reagéiert. An hirer Verzweiflung ass hir lescht Hoffnung de riisegen Af King Kong. Béid Monsteren liwweren sech am Film also e Kamp ëm Liewen an Dout.
Nodeems den Trailer schonn bei de Fans gutt ukomm war, goufen och elo déi éischt Reviews publizéiert. Wéi och scho bei de Virgänger, géifen et am neie Film alt erëm Problemer mat de mënschleche Charaktere ginn. D'Kampfszenen tëscht den zwee Monsteren géifen allerdéngs op ganzer Längt iwwerzeegen.