© Youtube
No WandaVision presentéiert Marvel e weideren Must-See.
Lescht Joer ass zu Lëtzebuerg Disney+ erauskomm. Rezent gouf de Streamingdéngscht och ëm Disney Star erweidert.
Hei fannt dir Infoe zu Disney Star.
Wat mir ganz besonnesch hei gefält ass ënnert anerem den Accès op National Geographic an déi eenzel Serien. The Mandalorian an WandaVision zum Beispill sinn alle béid weltwäit duerch de Plaffong gaangen.
An no WandaVision huet Marvel elo e Freiden eng nei Superhelden-Serie erausbruecht. The Falcon and the Winter Soldier an nach ni gouf d’Première vun enger neier Serie op Disney+ esou dacks gekuckt. Och d’Kritiker si begeeschtert. Et ass eng cool Mëschung tëscht Action an Drama.
Definitiv eng Serie, déi een an de nächste Joren sollt am Ae behalen.