No ville Rumeuren ginn et elo endlech méi Detailer zu der neier Star-Wars-Serie.

Star-Wars-Fans dierfen sech an de nächste Joren op vill neie Contenu freeën. Nieft verschidde Filmer fir de Kino läit de Fokus vun Disney an de nächste Joren virun allem op Serien.

Op Disney+ soll dëst Joer zum Beispill nach eng Serie iwwer de Cassian Andor an eng Serie iwwer de Boba Fett erauskommen. Am Uschloss dierf een sech dann op déi drëtte Staffel vun The Mandalorian freeën.

Mat vill Chance soll dann 2022 d'Serie Obi-Wan Kenobi erauskommen. Hei goufen et an de leschte Joren ëmmer nees Rumeuren, déi elo lues a lues méi konkret ginn. Sou gouf elo rezent zum Beispill de Cast annoncéiert. De legendäre Jedi-meeschter Obi-Wan gëtt wéi am Original och vum Ewan McGregor verkierpert. Och den Hayden Christenses feiert säi Comeback als Anakin Sywalker. Et dierf een also vläicht mat verschidde Flashbacks rechnen.

Detailer zu der Story ginn et nach keng, ma et ginn éischt Rumeuren. D'Serie spillt nämlech 10 Joer no den Evenementer aus Episod 3. Den Obi-Wan ass am Exil an op der Fluch vum Imperium. Während hien en Ae op de Luke Skywalker geheit gëtt hien forcéiert, säin Exil ze verloossen.