Wéi verschidde Quellen behaapten, huet sech Netflix rezent e Mega-Deal geséchert.

Am November 2019 huet Lionsgate e richtegen Iwwerraschungs-Hit erausbruecht - Knives Out vum Regisseur Rian Johnson. 311 Milliounen Dollar huet de Film weltwäit agespillt. Mat dobäi waren ënnert anerem den Daniel Craig, de Chris Evans an d’Jamie Lee Curtis.

Zwee Fortsetzunge goufen elo wéi et schéngt confirméiert an déi huet sech Netflix fir 450 Milliounen Dollar geséchert. Als Verglach, den deiersten Netflix-Deal war bis ewell The Gray Man fir net emol d’Hallschent vum Präis. De Regisseur wéi och den Daniel Craig sollen dann definit mat dobäi bleiwen.

Ganz confirméiert ass nach Näischt ma do mierkt een alt erëm, dass grouss Blockbuster no Corona net méi just am Kino wäerten erauskommen.