Am Summer dëst Joer geet et zréck an d'Kandheet! Mir dierfen eis nees op chaotesch Looney Tunes freeën.

Direkt fir unzefänken: De LeBron James wäert am zweeten Deel vu Space Jam d'Haptroll iwwerhuelen! Den éischten Deel, deen 1996 erauskoum an an deem de Basketball-Profi Michael Jordan d'Haaptroll iwwerholl hat, war de gréissten a erfollegräichste Basket-Film zu där Zäit an hat ganzer 230 Mio. Dollar agespillt!

Regisseur ass de Justin Lin, dee virun allem wéinst The Fast & Furious bekannt ass.

Et ass allerdéngs net deen éischte Versuch fir een neien Deel vum Space Jam ze dréinen. Den Tony Hawk sollt 2003 gebiede gi sinn, sech mat Warner Bros ze treffen, dat wéinst dem virleefege Film Skate Jam. Dorausser ass allerdéngs net wierklech eppes ginn. Genau esou wéineg wéi bei Spy Jam mam Jackie Chan, Race Jam mam Stockcar Star Jeff Gordon an nach ee weidere potentielle  Space Jam-Sequel mam Golfer Tiger Woods.

Mëtt Juli soll et dann esouwäit sinn. Dann muss de LeBron James sech mat de Looney Tunes zesummendoen fir d'Goon Squad (eng kënschtlech Intelligenz) an engem Basket-Match ze schloen. Dës ass nämlech déi eenzeg Rettung fir dem James säi Bouf, deen an dëser Fantasy-Welt vum Al-G Rhythm entfouert gouf.