Fir Marvel-Fans gouf et rezent den éischten richtegen Trailer zu der neier Loki-Serie.

Zwee Joer ass et schonn hir, dass Avengers-Endgame erauskomm ass. Ma rezent kënnen sech Fans vum Marvel Cinematic Universe endlech nees iwwer neie Contenu freeën. No WandaVision an The Falcon and the Winter Soldier bréngt Marvel geschwënn eng weider Serie op Disney+ eraus an zwar Loki.

D'Serie spillt no den Evenementer aus Avengers-Endgame. De Loki, dee sech mat Hëllef vum Tesserakt aus dem Stëbs gemaach huet, fënnt sech an enger Welt voller Problemer erëm an gëtt gefaangen vun der sougenannter Time Variance Authority.

Mat dobäi ass erëm den Tom Hiddleston an der Haaptroll. U senger Säit sinn ënnert anerem den Owend Wilson, Gugu Mbatha-Raw, Sophia Di Martino, Wunmi Mosaku an de Richard E. Grant.

Loki soll den 11. Juni op Disney+ starten.