Bedéngt duerch Covid-19 goufe vill Blockbuster erëm verluecht...

Wéi geet et an de nächste Méint mam Kino weider? Esou richteg ka keen déi Fro beäntweren...

Vill Filmer wéi Wonder Woman, Cruella oder Black Widow kommen an Zukunft direkt op Streamingdéngschter eraus.

Anerer ginn ëmmer an ëmmer weider verréckelt. An de Problem ass, gëtt ee Film verréckelt, da réckelt de ganzen Agenda. Sou zum Beispill bei Produktioune mam Tom Cruise. De neien Top Gun huet elo rezent e neien Datum kritt. Dowéinst ginn och déi zwee nächst Mission Impossible Filmer verréckelt. An betraff ass och de Recht vum Paramount-Kalenner.

Jackass 4 : 22. Oktober 2021
- Top Gun 2 : 22. November 2021
- Mission Impossible 7 : 22. Mee 2022
Star Trek : 9. Juni 2023
- Mission Impossible 8 : 7. Juli 2023