No vill Hin an Hier gëtt et beim Projet elo endlech déi éischt konkret News.

Den Indiana Jones ass e bleift fir ëmmer eng Kultfigur fir Kino a Filmfans.

De Succès vun der Franchise ass virun allem dem Regisseur Steven Spielberg an dem Schauspiller Harrison Ford unzerechnen.

De fënneften Deel hat an der Vergaangenheet allerdéngs mat verschidde Problemer ze kämpfen. Sou huet den Harrison Ford, dee mëttlerweil 78 Joer huet, an engem Interview verroden, dass een net just Problemer mat Datum hätt, mee och mam Dréibuch, mat der Geschicht a mat de Schauspiller.

Och de Steven Spielberg huet dem Projet de Réck gedréint. Hien wéilt engem jonke Regisseur mat frësche Visiounen de Projeten iwwerloossen. Experte behaapten allerdéngs, dass hien es anscheinend genuch huet. Hien ass dem Film allerdéngs als Produzent erhale bleiwen.

De Schock bei de Fans war grouss, och wann de Nofollger James Mangold, an der Vergaangenheet schonn e puer gutt Filmer gemaach huet.

Rezent gouf dann endlech en Datum presentéiert. De Film soll de 29. July 2022 erauskommen. 14 Joer nom leschten Deel.

Fest steet, dass den Harrison Ford fir déi leschte Kéier den Indiana Jones verkierpert. Wat dono soll geschéien, ass just Gemunkels. Eng Theorie ass zum Beispill, dass een an Zukunft mat engem neie Schauspiller de méi jonken Indie wëll behandelen.