Geschwënn kommen zu Lëtzebuerg hoffentlech erëm déi éischt Blockbuster an de Kino. An déi lounen sech virun allem fir Horror-Fans.

Wéi geet et an de nächste Wochen a Méint mam Kino weider? Esou richteg ka keen déi Fro beäntweren...

Et schéngt awer wéi wann et net méi laang géif daueren, bis déi éischt Blockbuster erëm an de Kino kommen.

Mortal Kombat (12.05)
Godzilla vs Kong (02.06)

Nieft béide Filmer kommen an de nächste Woche awer virun allem Horrofans op hir Käschten.

Wrong Turn (05.07)
A Quiet Place 2 (16.06)
The Conjuring 3 (30.06)
The Forever Purge (30.06)
The Night House (14.07)
Spiral (From the Book of Saw) (21.07)

Dës Datumer goufen aktuell awer nach net definitv confirméiert.