Fans vum Assane Diop kënnen sech am Juni Rendez-Vous ginn.

Den 8. Januar ass op Netflix eng Serie erauskomm, déi wochelaang an der Top 10 vum meescht-gestreamte Contenu zu Lëtzebuerg stoung. Déi franséisch Produktioun Lupin. 70 Millioune Leit hunn d’Serie weltwäit an den éischten dräi Wochen gesinn. Dat ass Rekord, well nach ni huet et eng franséisch Produktioun gepackt, esou Zuelen op internationalem Niveau ze erreechen. D'Grënn sinn ënnert anerem en richteg gudden Haaptduersteller, Diversitéit an eng staark sozial a gesellschaftlech Thematik. An d’Serie huet aktuell just 5 Episoden, perfekt also fir sech an engem Owend eranzezéien.

An der Serie geet et ëm den Assane Diop. E Meeschter-Déif, deem seng Aarbecht un de Geschichte vun der Romanfigur Arsène Lupin inspiréiert ass. Wat an der éischter Episod nach no enger klassescher Heist-Serie ausgesàit, entwéckelt sech ëmmer méi zu engem Krimi. An typesch Netflix, zum Schluss en absolutt Cliffhanger. Net fir Näischt waarden d’Fans elo scho gespaant op neie Contenu.

Wéi Netflix elo annoncéiert huet, soll den zweeten Deel vun der Serie, also Episod 6 bis 10 schonn den 11. Juni dëst Joer erauskommen. De Produzent vun der Serie huet an engem Interview verrooden, dass mir vill Privates vum Haaptcharakter wäerte gewuer ginn. Thematiséiert gëtt virun allem déi Zäit tëscht dem Assane senger Kandheet an den aktuellen Evenementer an der Serie.

Kuckt hei den neien Trailer :