No 9 Méint geet et endlech erëm lass mat den éischte Blockbuster...

Fir Kino-Fans geet et zu Lëtzebuerg endlech erëm esou richteg lass. Lues a Lues kommen no Tenet (August 2020) erëm déi éischt grouss Blockbuster an de Kino. Sou zum Beispill de Fantasy-Adventure Mortal Kombat, deen elo ganz nei erauskomm ass.

Mortal Kombat ass eng Verfilmung vum Videospill-Klassiker mam selwechten Numm, deen am Joer 1993 fir déi éischte Kéier erauskomm ass. Erfahrungsgeméiss si Videospill-Verfilmungen éischter mëttelméisseg. Als Fan feiert een esou Blockbuster an der Reegel, als normal Persoun awer éischter manner. Bei Mortal Kombat schéngt et nämlech ze sinn. Just knapp 50% vun de Kritiker hunn e positive Review ofginn, bei de Fans sinn et ëmmerhin 90%.

Wat d'Story ugeet ass et och relativ komplizéiert. Déi beschte Kämpfer vun der Welt droen e ganz besonnescht Zeechen, de sougenannte Mortal Kombat. Hier Aufgab ass et d'Welt ze beschützen, sou zum Beispill virum Shang Tsung, dee geplangt huet, d'Mënschheet ze versklaven.

D'Geschicht ass genee esou skurril wéi se kléngt. De Fokus vum Film läit net wierklech op enger gudder Story oder logeschen Twists. De Fokus läit fir d'Produzenten éischter op de spektakuläre Martial-Arts-Kampf-Seene fir déi d'Videospill esou bekannt ass.

De Film bitt vill Kampf, Action, Blutt a Brutalitéit. Wat Fan-Service ugeet, huet Mortal Kombat also alles richteg gemaach. Wien fréier d'Spill gezockt huet, kann sech de Film roueg gënne goen. Wien mat Mortal Kombat awer bis elo nach Näischt um Hutt hat, dee sollt sech gutt iwwerleeën, ob sech e Besuch am Kino lount oder net.