D'Gaming-Entreprise plangt an Zukunft och de Wee op de groussen Ecran...

An de nächste Jore bréngt Illumination den Animatiounsfilm Super Mario Bros – The Movie an de Kino. Gréisser Detailer ginn et zu dësem Projet allerdéngs nach net.

Dono soll bei Nintendo awer nach laang net Schluss sinn. Et plangt een nämlech nach vill weider Animatiounsfilmer. Dem CEO vu Nintendo no misst een hei awer immens oppassen. Vill Videospillverfilmungen an der Vergaangenheet wieren nämlech komplett Flopps gewiescht. Dat wéilt een als Entreprise onbedéngt evitéieren. Et wéilt een just e Film maachen, wann een sech komplett sécher wier, dass een dem originale Spill kéint trei bleiwen. Esou huet een d'Fans op senger Säit a kann duerch d'Story vum Film vläicht esouguer e neit Videospill designen.

Drock wéilt een sech op kee Fall maachen. Wann een sech Zäit hëlt a genee no dësem Plang fiert, wäert de Succès net ausbleiwen. Dat hätt een zum Beispill beim Film Detective Pikachu gesinn.