De Schauspiller huet kloer Virstellungen fir seng nächst Roll...

De 14. Juli 2022 kënnt de neie Phantastic Beasts 3 an de Kino.

An den éischten zwee Deeler gouf de Charakter Gellert Grindelwald vum Johnny Depp verkierpert. Am Dezember lescht Joer huet de Schauspiller de Projet allerdéngs misse verloossen. Déi verschidde Skandaler waren dem Studio Warner Bros. einfach ze vill.

Ersatz kënnt mam Mads Mikkelsen an rezent huet dësen an engem Interview verroden, dass hien op kee Fall dem Johnny Depp säi Charakter wéilt kopéieren. Virun allem well dësen esou eng gutt Aarbecht gemaach hätt. De Mikkelsen wéilt léiwer verschidden Eegenschafte bäibehalen, ma trotzdeem seng eegen Zooss maachen. Dorobber misste Fans sech also astellen.

"Kee Mënsch ass dorunner interesséiert an de Kino ze goen, just fir eng Kopie vum ale Charakter ze gesinn. Dat wier kreative Suicide, virun allem well den Depp seng Aarbecht esou meeschterhaft gemaach huet. Also erwaart Jidderee vun eis, dass mir en anere Wee fannen."

"Mir brauchen eng Bréck tëscht dem Depp sengem Charakter a mengem. Sief et d'Ausgesinn oder eng bestëmmt Reaktioun vum Charakter. Wichteg ass et awer, dorausser meng eegen Zooss ze maachen. Alles anescht wier kreativ einfach nëmmen domm."