Den Disney-Film wäert och iwwert de Streamingdéngscht Disney+ accessibel sinn. Dat soten d'Haaptduersteller Dwayne Johnson an d'Emily Blunt.

Jungle Cruise ass deen nächste Big-Budget-Disney-Film deen an de Kinoen eraus kënnt ma awer gläichzäiteg och op Disney+. Kuckt ee sech den Trailer un, kritt ee bëssen d'Gefill wéi wann et eng Mëschung aus Pirates of the Carribean, Jumani an Indiana Jones wär a baséiert quasi op enger Attraktioun aus dem Disneyland. Donieft villt ee sech e bëssen an der Zäit zeréck versat, dat virun allem duerch den Old-School-Flair deen de Film vermëttelt.

D'Wëssenschaftlerin Lily Houghton ( Emily Blunt ) an de Bootskapitän ( Dwayne Johnson ) sinn op der Sich nom legendäre Bam vum Liewen. Op der Rees iwwert de Floss kréie se et mat geféierleche Kreaturen ze dinn a mat enger Fuerschergrupp aus Däitschland déi dem Frank, Lily a sengem Brudder McGregor Konkurrenz maachen.

Dréibuch zum Film ''Jungle Cruise'' kënnt hei vum Michael Green, Glenn Ficarra an John Requa. Fir d'Regie ass de Jaume Collet-Serra zoustänneg. Donierft wäert dësen och fir d'Regie fir den DC-Film Black Adam iwwerhuelen an dem och den Dwayne Johnson d'Haaptroll iwwerhëlt.