De Meescht vun den Twists a Filmer schléit nees zou. Den éischten Trailer vun ''Old'' ass nämlech elo offiziell eraus.

E weideren Horror-Thriller vum Regisseur M. Night Shyamalan steet an de Startlächer. An deene leschte Jore konnt sech de Regisseur mat Split a Glass een Numm maachen. Bekannt ass e fir Twists mat deene kee Mënsch gerechent hätt. Den Trailer vun Old erméiglecht engem een éischten Abléck an den Horrorszenario deen een am Film erwaart.

Wéi op engem Strand eng Fra dout opfonnt gouf, mierken d'Leit, dass do eppes net stëmmt. Onerklärlech Saache passéieren, well d'Mënschen déi sech op deem Strand ophalen extrem séier eelzen. Et wäert also net laang dauere bis all Visiteur op der Plaz un Altersschwächt stierwen, ganz egal wéi jonk se ware wéi se ukomm sinn.