Den Ninja Snake Eyes ass déi beléifste Figur aus de Filmer an dofir kritt en elo säin eegene Film.

Wierklech vill iwwert de Schwertkämpfer ass een an de Filmer G.I Joe: Geheimoptrag an G.I. Joe 2: Die Abrechnung net gewuer ginn. Ma am Prequel Snake Eyes: G.I. Joe Origins gëtt dat alles opgeschafft.

Am Film léiert een de Kämpfer als Eenzelgänger ganz ouni säi Ganzkierper-Kostüm kennen, deen an den urale japaneschen Arashikage-Clan opgeholl gëtt. Am Clan fënnt de Snake Eyes een Doheem a gëtt an der Konscht vun den Ninjaen ausgebilt. Wéi awer bemol Geheimnisser aus senger Vergaangenheet optauchen, gëtt seng Éier a Loyalitéit op eng haart Prouf gestallt. Do gëtt een da warscheinlech och gewuer wisou hien ee Schweigegelübte ofgeluecht huet, dat hien zu deem rouegen Elite-Kämpfer gemaach huet dee mer aus G.I. Joe kennen.

Donieft wäert et am Film awer och ee grousse Changement ginn. Wärend an deenen éischte Filmer de Ray Park aka Darth Maul aus Star Wars de Snake Eyes verkierpert huet, wäert et an dësem Film den Henry Golding sinn, dee de Charakter verkierpert. Donieft ass dann och d'Ursula Corbero aka Tokyo  aus Casa del Papel mat dobäi.

D'Regie iwwerhëlt hei de Robert Schwentke an de Release ass bis ewell op den 22. Juli 2021 festgeluecht.