James Bond Fans kënne sech freeën, well de bekannte Geheimagent soll elo awer op d’Leinwand kommen.

Zanter längerem ass net gewosst wéi et mam, mëttlerweil net méi esou neien, « James Bond : Keine Zeit zu sterben » weidergoe soll. Ursprénglech sollt e jo ganz normal am Kino verëffentlecht ginn. Well de Release-Datum awer esou dacks verréckelt gouf,  wollt Amazon sech d’Rechter um Film séchere fir en als Online-Stream unzebidden.

Viru kuerzem ass MGM-Studio, also dee Studio deen d’Bond-Filmer produzéiert vun Amazon kaf ginn. Dat huet fir weider Diskussioune gesuergt. Elo ass d’Situatioun awer méi kloer.

Hei ass dann decidéiert ginn datt de Film an de Kino komme soll. Et géif ee sech dozou verflicht fillen d’Filmer weltwäit fir d’Kino-Fans zougänglech ze maachen. Esou wäert een also trotzdeem de Bond op der grousser Leinwand kënne gesinn. Leider ginn awer nach keng Informatioune wéi dat dann elo mat zukünftege Bond-Projeten ausgesäit.