Et gëtt grouss! Den 1. Trailer vum Marvel-Film Eternals ass do an e gesäit richteg gutt aus!

Am typesche Marvel-Stil ass och "Eternals" e Film iwwert Superhelden an trotzdeem fillt den Trailer sech e bëssen anescht un. De Science-Fiction-Action-Film soll dann Ufank November an de Kino kommen.

Heibäi handelt et sech dann och ëm eng Fortsetzung vun "Avengers: Endgame". D'Evenementer aus deem Film suergen nämlech fir de Chaos op deem de Film "Eternals" opbaut. Well duerch dem Thanos seng Aktioune sinn d'Eternals gezwongen an d'Ëffentlechkeet ze trieden. D'Eternals sinn iwweregens eng ural, humanoid Alien-Rass déi schonn zanter dausende vu Joren op der Äerd wunnt. Elo musse se awer géint hier gréisste Géigner kämpfen - d'Deviants! Mir si gespannt!

D'Regisseurin ass iwweregens Chloé Zhao. Hatt war och d'Regisseurin vum Film "Nomadland", dee 6 Oscar Auszeechnunge gewonnen huet. D'Erwaardunge sinn also héich. D'Approche fir d'Filmen ass och e bëssen aneschters wéi soss. Esou gi méi kleng Film-Sets benotzt an d'Film-Crew bléift och méi kleng.

Eng Fro bléift awer nach op: Wann d'Eternals zanter dausende vu Joren am geheimen op der Äerd liewen. Firwat trieden se elo réischt an Aktioun wann se och den Avengers hätte kënnen hëllefen, wéi den Thanos d'Hallschent vu der Mënschheet ausgeläscht huet?