Ufanks September geet et dann endlech mat "Haus des Geldes" weider! Déi laang erwaarte fënnefte Staffel soll allerdéngs an 2 gedeelt ginn.

Zanter kuerzem sinn Dréiaarbechte fir déi 5. Staffel "Haus des Geldes"  fäerdeg. Fans kënne sech also freeë well déi laang erwaarte Staffel 5 kënnt nach dës Joer op Netflix! D'Staffel soll dann a Volume 1 an 2 opgedeelt ginn. Esou kann d'Final nämlech nach méi grouss gefeiert ginn. Mat der beschten an action-räichste Staffel iwwerhaapt.

Ab dem 3. September kann ee sech dann den éischten Deel ukucken. Am Beschte kuckt ee sech déi och an den éischten 3 Méint no der Verëffentlechung un, well den 2. Deel kënnt kuerz drop eraus. Nämlech 3 Méint no dem éischten Deel. Esou kann een direkt weider-bingen!

Iwweregens ass och emol vu Spin-Offs geschwat ginn, also wien weess, vläicht ass den Enn vun der Serie och de Start vun enger Neier? Et kann een ni wëssen, mir si scho mol gespaant.