Net all Buch kënnt vum King, ma awer ganz vill. Den Auteur huet elo decidéiert d'Rechter fir seng ''Short Stories'' ze verkafen.

Vill Filmer déi mer gesinn hunn, baséieren op engem Buch vum Stephen King. Dorënner falen zum Beispill Carrie, It, The Shawshank Redemprion, Cujo, The Green Mile, Misery a Pet Sematary fir elo nëmmen déi ze nennen.

Ganz vill Regisseure wäre frou sech kennen engem Buch vum Auteur unzehuelen an dorauser ee grousse Film ze maachen. Ma well déi Rechter dacks awer vill ze deier sinn, bleift et fir vill Realisateure just een Dram. Esou kéint een et mengen, ma de Stephen wëll do awer elo eppes änneren. Niewend senge grousse Bicher, huet hien och eng jett ''Short Stories'' geschriwwen an déi verkeeft hien elo gär fir een Dollar, dat awer ënnert bestëmmte Konditiounen.

Stephen King: ''Over the objections of my accountant, who saw all sorts of possible legal problems, I established a policy which still holds today. I will grant any student filmmaker the right to make a movie out of any short story I have written (not the novels, that would be ridiculous), so long as the film rights are still mine to assign. I ask them to sign a paper promising that no resulting film will be exhibited commercially without approval, and that they send me a videotape of the finished work. For this one-time right I ask a dollar. I have made the dollar deal, as I call it, over my accountant’s moans and head-clutching protests sixteen or seventeen times as of this writing''

Jonk Film-Realisateure kënnen also vun deem Programm gebrauch maachen a sech eventuell den Dram vun enger grousser Filmkarriär erméiglechen.