An engem Interview huet de Schauspiller Martin Freeman méi dozou verrode wéi en eigentlech wollt.

Vum Sequel héiert een an deene leschte Méint jo méi wéi genuch an natierlech froe sech d'Fans wéi de Film ouni de verstuerwene Chadwick Boseman als T'Challa funktionéiere soll. Natierlech kurséiere schonn e puer Theorien do ronderëm, ma dat sinn awer bis ewell soss näischt wéi Spekulatiounen. Wéi eng Richtung de Regisseur Ryan Coogler elo wierklech aschléit ass effektiv nach net wierklech konkret gewosst.

Och de Schauspiller Martin Freeman, deen an der Produktioun wäert mat dobäi sinn, gëtt reegelméisseg zu dem Thema befrot. An engem Interview mat The One Show mam Ronan King huet de Schauspiller erkläert, dass hien dozou näischt dierft soen an trotzdeem huet e méi verroden.

Wéi de Schauspiller selwer seet, huet hie well d'Dréibuch gelies an et wier richteg gutt. An deenen nächste Méint flitt de Freeman an d'USA fir seng Szeene fir Black Panther ze dréinen.