Nodeem den Joaquin Phoenix en Oscar fir de beschten Haaptduersteller kritt huet, kënnt deemnächst warscheinlech eng Fortsetzung.

Am Oktober 2019 ass de Film Joker mam Joacquin Phoenix an de Kinoen eraus komm. Ee Film deen net just bei de Fans, mee och bei de Kritiker vill gelueft ginn ass a bei den Oscaren 2 Präisser konnt an d'Täsch stiechen. Fir genau ze sinn een Oscar fir dee beschten Haaptduersteller a bescht Filmmusek.

Gleeft een elo den aktuelle Rumeuren, da mellt sech den Todd Phillips zeréck fir d'Joker 2 Dréibuch ze schreiwen. Deen éischte Film huet de Phillips zesumme mam Scott Silver geschriwwen an dofir fill Luef kritt. Ob de Scott och beim neie Film nees mat schreift, ass awer nach net gewosst.

An deene leschte Méint ass ëmmer nees iwwert eng Fortsetzung geschwat ginn, ma vill ass dovunner awer elo net bekannt. Dat eenzegt vun deem ee kann ausgoen ass, dass de Film an d'DC-Rei passt. Niewent den DCEU-Filmer setzt ee bei Warner Bros. aktuell vill vun dëse lassgeléiste Projeten ëm, déi op DC-Material baséieren, dorënner iwweregens och Batman.