Viru kuerzem ass de Film eraus komm, esouwuel an de Kinoe wéi och op Disney+. Ma iwwerall huet de Film enorm vill agespillt.

Eigentlech hätt de Film ''Black Widow'' scho lescht Joer missten eraus kommen. Ma duerch d'Pandemie ass de Release no hanne verréckelt ginn. Dat heescht elo ass de Film dobaussen an dat am Kino an och op Disney+.

Vill Leit hunn drop gewaart an dat spigelen och d'Zuelen erëm. Wéi ''Variety'' matdeelt, huet ''Black Widow'' säit dem Ufank vun der Pandemie deen erfollegräichste Kinostart higeluecht an domat ee globale Rekord geknackt. Eleng an den USA huet de Film um éischte Weekend ronn 80 Milliounen US-Dollar agespillt. Aus weidere 46 Länner konnte se zousätzlech 78 aspillen. Zesummen also eng Zomm vun 158 Milliounen US-Dollar. Och iwwert Disney+ hu se gudden Ëmsaz gemaach an zwar ronn 60 Milliounen.

Alles zesumme gerechent also ronn 215 Milliounen US-Dollar.