All Woch bitt Amazon nei Filmer un. Dëst Woch ass et da ganz kloer ee bluddege Kannibalen-Horror-Film, deen op sech opmierksam mécht.

Niewent ville Blockbusteren déi an de Kinoen eraus kommen, huet Amazon Prime op hirer Plattform elo ee Film released deen net fir schwaach Nerven ass.

''The Green Inferno'' ass een Horror-Film deen d'Geschicht vun e puer US-amerikanesche Studenten erzielt. Fir eppes géint d'Zerstéierung vum Amazonas ze maachen, decidéiere si sech dohin ze fléien. Allerdéngs fält hire Fliger iwwert dem Reebësch erof a si gi vu Kannibale gefaange geholl. De Kampf ëm Liewen an Dout geet lass.

Mat '' The Green Inferno'' éiert den Eli Roth den italienesche Kannibale-Film aus de 70er. Virun allem ass de Regisseur duerch brutal Filmer wéi zum Beispill ''Hostel'' oder ''Cabin Fever'' bekannt ginn. Dat hei ass zwar villäicht net säi beschte Film ma wien een extrem bluddege Film wëll gesinn ass hei genau richteg.