Den 10. November 1996 ass Space Jam mam Michael Jordan eraus komm, elo quasi 25 Joer dono kënnt d'Fortsetzung mam Lebron James.

Den NBA Superstar LeBron James setzt sech zesumme mam Bugs Bunny an dem Recht vun de Lonney Tunes an dat am Kader vum Sequel vu Space Jam.

Am éischte Film vun 1996 war et de Michael Jordan deen den Haaptduersteller war, ma dëst Kéier ass et de LeBron deen déi Roll iwwerhëllt. Als Regisseur ass de Malcolm D. Lee um Wierk deen och scho fir Produktioune verantwortlech war, wéi zum Beispill ''Girls-Trip''.

Am Film gëtt dem LeBron säi Bouf Dom vun enger kënschtlercher Intelligenz an eng virtuell Welt entfouert. Zeréck kann hie säi Jong nëmmen da kréien, wann hien an engem Match géint d'Team vun der KI gewënnt a wéi den Zoufall et esou wëll sinn an der Welt och d'Looney Tunes.

Space Jam: A New Legacy versprécht scho mol eppes an dat virun allem Nostalgie. Jiddereen deen den éischten Deel an den 90er oder 2000er gesinn huet, wäert sech hei e bëssen an d'Zäit zeréck versat villen. Ma et soll een dat allerdéngs net iwwerbewäerten. Hei gëtt nämlech probéiert un ee Klassiker unzeknäppen. Eng déi scho vill Leit bei anere Filmer haten an och schéi méi wéi eng Kéier an d'Box gaange bass.

Et dierf een de Film einfach net ze vill mat deem vun 1996 vergläichen. Ëmmerhi leie quasi 25 Joer dotëscht, de Michael Jordan spillt scho laang kee Basket méi an d'Looney Tunes sinn net méi esou present wéi se et deemools waren. Trotzdeem ass et ee Film dee vill Leit an de Kino wäert zéien an dat schonn eleng aus deem genannte Grond vun der Nostalgie.